
Wéi kënne mir eis Infrastrukturen esou séier wéi méiglech ausbauen – zemol wat bezuelbaart Wunnen, eng effikass Mobilitéit an eng nohalteg Energieversuergung betrëfft?
Wéi garantéiere mir, datt eis Kanner a Jugendlech sech beschtméiglech entwéckele kënnen an eng optimal Bildung kréien?
Wéi suerge mir dofir, datt de Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg stabil, dynamesch a konkurrenzfäeg bleift?
Wéi kënne mir vum Potenzial vun der Digitaliséierung a vun der kënschtlecher Intelligenz profitéieren – responsabel an zum Notze
vun de Leit?
Wéi schütze mir eis virun de Géigner vun der Demokratie, déi eis vu bannen a vu baussen erausfuerderen?
Wéi garantéiere mir, datt mir all zesummen
och an Zukunft an enger fräier, toleranter a
solidarescher Gesellschaft kënne liewen?
D’DP beschäftegt sech intensiv mat dëse Froen a mat den Erausfuerderungen, déi domadder zesummenhänken.
Eis Ministerinnen a Ministeren an der Regierung, eis Deputéiert an der Chamber an am Europaparlament an déi sëllege Gemengemandatairen uechter d’Land iwwerhuelen Dag fir Dag Responsabilitéit a gestalte Lëtzebuerg mat, engagéiert a léisungsorientéiert:
• Mir bidden de Mënsche gerecht Zukunftschancen.
• Mir schützen déi demokratesch Fräiheeten.
• Mir prägen den nohaltege Fortschrëtt vu Lëtzebuerg a vun Europa.
• Mir stäerken de gesellschaftlechen Zesummenhalt an eisem Land.
Léif Leit, mir wëllen iech op dësem Wee iwwert déi wichteg Projete vun eiser Politik informéieren an iech eis Léisunge fir d’Mënschen, eis Léisunge fir Lëtzebuerg virstellen.
A mir freeën eis, iech am Oktober an am November ze begéinen, wa mir an all d’Regioune vum Land kommen, fir mat iech perséinlech iwwer d’Zukunft vu Lëtzebuerg ze diskutéieren. Dir sidd elo scho ganz häerzlech invitéiert!
