




D’Europäesch Unioun ass zanter Joerzéngten de Garant fir Fridden, Stabilitéit a Wuelstand. D’Wäerter vun hirer Politik hunn als Zil, de Mënschen e Liewen a Fräiheet an a sozialer Sécherheet z’erméiglechen.
Ma d’Zäite si méi mouvementéiert ginn an de leschte Joren – an Europa an an der ganzer Welt. Mir si konfrontéiert mat gesellschaftleche Remaniementer, dem Klimawandel a mat geostrategesche Risiken.
Mir kënnen dës grouss Erausfuerderungen nëmmen da meeschteren, wa mir d’Problemer an Europa zesummen upaken! Mir kënnen déi Aufgaben, déi ee Staat net eleng packe kann, nëmmen zesummen als Europäerinnen an Europäer léisen. Dat gëllt besonnesch fir eist klengt Land am Häerz vun Europa: Lëtzebuerg ass staark, wann Europa staark ass.
Dofir brauche mir eng Europäesch Unioun, déi selbstbewosst, widderstandsfäeg a virun allem handlungsfäeg ass. Mir mussen d’EU an hir Institutiounen elo stäerken: fir e Liewen a Fridden an a Fräiheet, mat Wuelstand a sozialer Sécherheet. Mir dierfen dobäi keng
Zäit verléieren!
Europa. Stäerken, wat eis schützt.
Dofir sti mir, dofir steet d’Demokratesch Partei.

Die DP steht für eine Politik für die Menschen – mit den Menschen.
Hierzu haben wir ein Programm entwickelt,
das Lösungen für die Probleme von heute – und von morgen bietet.
Hier sind unsere Prioritäten:





